Bit

Mir hu gesinn dass de Bit d’Grondelement vum Binärsystem a vun der Elektronik ass.

Fir de Begrëff vum Bit besser ze verdäitleche benotze mer eng elektronesch Millchen, déi ech Mëtt de 70er Joren op der ETH zu Zürech entwéckelt hunn. Dës Millche befënnt sech haut am technesche Musée Computarium zu Dikrech. E Bild vun der Millchen aus där Zäit am Labo gesäit een op de follgende Polaroid-Fotoen.

Inspiréiert gouf ech deemools vum Projet “Mühlespiel mit dem Computer” am Kader vun “Schweizer Jugend forscht 1976”.

An engem groussen Concours iwwert Schaltungstechnik vun der Zäitschrëft Elektronik hat ech 1977 mam Millchespill den néngten Preis gewonnen

Am Mëttelpunkt vu mengen Projet stoung net de Programm fir Millchen ze spillen, mee d’Kommunikatioun tëschent Mënsch a Computer.

Op all Eck a Kreizungspunkt vum Millchebriet ass eng Photodiode agebaut, déi erkennt op watfier Plaazen e Millchesteen gesat ass. Niewent der Photodiode ass eng rout LED agebaut, mat der de Computer kann Uweisungen ginn.

Den Zoustand vun der Photodiode (donkel wann e Millchensteen drop street, hell am anderen Fall) gëtt mat engem Bit (0 oder 1) gespeichert. Och den Zoustand vun der LED (donkel wann se ausgeschalt ass, rout wann se ageschalt ass), gëtt durch ee Bit bestëmmt. Mat engem zweete Bit kann een festleeën ob d’LED am Sekonne-Rythmus blénkt oder permanent liicht.

Am nächste Schrëtt beschäftegen mir eis mam Byte.

Binärsystem

Am Géigesaz vun de Mënschen déi bei den Zuele mam Dezimalsystem rechne benotzen digital Systemer nëmmen zwou Zifferen : null an eent. Bei enger Binärzuel huet all Platz e Wäert (Potenz) vun 2, vu rechts no lenks : 1, 2, 4, 8, 16, 32, 64, …

Zum Beispill bedeit Zuel 100101 Follgendes :

  • 1 an der klengster (éischter) Plaz : 1 x 1 = 1 
  • 0 an der nächster (zweeter) Plaz : 0 x 2 = 0 
  • 1 an der nächster (drëtter) Plaz : 1 x 4 = 4
  • 0 an der nächster (véierter) Plaz : 0 x 8 = 0 
  • 0 an der nächster (fënnefter) Plaz : 0 x 16 = 0
  • 1 an der héchster (sechst) Plaz : 1 x 32 = 32

 Total :  1 + 0 + 0 + 4 + 0 + 0 + 32 = 37 am Dezimalsystem.

De Binärsystem mat der einfacher Zwou-Ziffere-Struktur (0/1) ass ideal fir d’Elektronik a fir Computeren, well d’Grondelementer vun deene Systemer (Transistoren an Dioden) nëmmen zwee Zoustänn kënnen unhuelen (un / aus, op / zou, A / net A, …). Esou een Grondelement dat zwee Zoustänn kann unhuele bezeechent een als Bit.

Dezimalsystem

Bei enger Dezimalzuel huet all Platz e Wäert (Potenz) vun 10, vu rechts no lenks. Zum Beispill bedeit d’Zuel 5307 Follgendes :

  • 7 an der klengster (éischter) Plaz : 7 x 1 =7 
  • 0 an der nächster (zweeter) Plaz : 0 x 10 = 0 
  • 3 an der nächster (drëtter) Plaz : 3 x 100 = 300
  • 5 an der héchster (véierter) Plaz : 5 x 1000 = 5000 

Total : 7 + 0 + 300 + 5000 = 5307

Fir bei groussen Zuelen net den Iwwerbléck ze verléiere setze mer meeschtens e Punkt tëschen dräi Zuelen. Eis Zuel 5307 gëtt also als 5.307 geschriwwen. All Punkt bedeit eng Steigerung vun 1000. 

Elo si mer prett fir ze kucke wéi dat beim Binärsystem fonctionéiert.

Rechesystemer

Dezimalsystem (Basis 10)

Haut benotzt de Mënsch weltwäit  den Dezimalsystem fir ze rechnen. 

D’Wëssenschaftler huelen un dass den Dezimalsystem op den zéng Fangere vun de Mënsche baséiert. Den Dezimalsystem ass duerch d’Schreifweis, d’Kolonialzäit an d’Wëssenschaft standardiséiert ginn.

Mee en ass net deen eenzegen an och net automatesch dee natierlechsten.

Sexagesimalsystem (Basis 60)

D’Babylonier hunn e Rechesystem mat der Basis 60 benotzt. En hat de Virdeel dass 60 duerch vill Zuelen (2, 3, 4, 5, 6…) deelbar ass. Iwwreg bliwwe vun dem System si 60 Sekonnen an enger Minutt, 60 Minutten an enger Stonn, 360 Grad an engem Krees.

Vigesimalsystem (Basis 20)

D’Mayaen, d’Azteeken a verschidden afrikanesche Vëlker hunn mat Hänn a Féiss (Fangeren an Zéiwen)  mat der Basis 20 gezielt a gerechent. Iwwerreschter fënnt een zum Beispill an der franséischer Sprooch :  quatre-vingt = 4 × 20. 

Duodezimalsystem (Basis 12) 

D’Basis 12 gouf  a verschidden europäesche Kulture benotzt well se och  duerch vill Zuelen deelbar ass ( 2, 3, 4, 6). Erënnerungen un deen Zuelesystem sinn eng Dosen (12),  12 Zoll an engem Fouss an eng grouss Dosen (144 Eenheeten = 12 x 12).

Quinärsystem (Basis 5)

Verschidde Stämm am Amazonas oder Afrika hunn nëmmen mat enger Hand (5 Fanger) gezielt.

Binärsystem (Basis 2) 

E Binärsystem gouf vu verschidde Stämm a spirituellem Kontext oder bei Spiller benotzt. Dat bekanntst Beispill ass den Ifá-Gottes-System vun de Yoruba am Nigeria. Den Ifá-System gouf 2005 vun der UNESCO op d’Lëscht vum immaterielle kulturelle Patrimoine vun der Mënschheet gesat.

Haut ass de Binärsystem virun allem bekannt als Basis vun der Informatik an elo och vun der KI. An de nächste Lektioune léiere mer méi iwwert d’Bits an d’Bytes déi Fundamenter vum Binärsystem duerstellen.

figure : Abacus

Wëllkomm beim Bild Stil Quiz

Test deng Fäegkeet, fir AI-generéiert Bild-Stiler ze erkennen. D’Biller baséieren op enger Foto vum Judo Champion 2025 am Elsass. Klick op ee  Link hei ënne fir eng Galerie opzemaachen. Wiel e Bild-Stil aus der Lëscht uewen an navigéier mat de Feiler oder rëtsch mat de Fangeren iwwert de Bildschierm fir dat nächst Bild unzeweisen. Wann all Biller klasséiert si kanns de se validéiere fir d’Resultater ze kucken. Du kanns deng Auswiel nach änneren iers de se ofschécks. Mat de Mëttel-Knäppercher kanns de zeréck op dës Säit oder op d’Inhaltsverzeechnes goen.

  • Einfache Quiz: 13 Biller
  • Mëttelschwéiere Quiz: 13
  • Schwierege Quiz: 13 Biller

KI-Léierbud. Firwat ?

KI-Léierbud. Firwat ?

🇱🇺

Kënschtlech Intelligenz (KI) spillt eng ëmmer méi wichteg Roll an eisem Alldag, gëtt awer dacks als komplex oder onverständlech ugesinn.
Dëst Projet huet als Zil:

  • Wëssenschaftlech Virwëtz erwächen a vläicht zukünfteg Beruffswënsch inspiréieren
  • KI fir de normale Bierger méi verständlech maachen
  • Eng kritesch digital Kultur fërderen
  • All Mënsch d’Moyenen ginn, fir d’Auswierkunge vun der KI op d’Gesellschaft, d’Aarbecht, d’Privatsphär a méi ze verstoen

KI-Léierbud. Wat?

KI-Léierbud. Wat?

🇱🇺

KI-Léierbud ass en interaktive Webportal fir d’Allgemengheet, mat dem Zil kënschtlech Intelligenz (KI) zougänglech a verständlech ze maachen. Dëse Site bitt educativ Inhalter, interaktiv Demonstratiounen, Mini-Coursen, Quizzen a Simulatoren, fir d’Grondlage, d’Uwendungen an déi ethesch Froen am Zesummenhang mat KI ze erklären.