Visionaeren_Start_LB

Start Är Lektioun !
3. Hutt Dir Kaze Videoe gär ?
- Léiw / Séiss
- Lëschteg / Fir ze Laachen
- Iwwerraschend / Beandrockend
- Traureg / Leedvoll
- Frech / Dramatesch
- Berouegend / Entspanend
- Genervt / Onzefridden
- Erschreckt / Onheemlech
Um Bols vun der Zäit : iwwert KI
Um Bols vun der Zäit ass eng politesch Video Podcast Serie, dee vun de Fokus Partei-Membere Marc Ruppert an Rick Oberweis säit November 2024 reegelméisseg presentéiert gëtt. An der Folleg 14 vum 30 Juni 2025 war de Serge Linckels, Direkter vum DLH (Digital Learning Hub) zu Gaascht, fir iwwert d’kënschtlech Intelligenz (KI) ze schwätzen.
Lovable KI-Showdown
Mat de Beschten bauen: Meng Erfahrung beim AI Showdown op Lovable.dev
Um Weekend vum 14.–15. Juni 2025 huet lovable.dev (einfach Lovable) – eng KI-baséiert „Vibe‑Coding“-Plattform – d’Benotzer weltwäit invitéiert, gratis Full‑Stack Webapps ze bauen, och ouni Programméierkenntnisser. Lovable erlaabt et, Applikatiounen duerch natierleche Sproochinput direkt am Browser ze generéieren.
Zesumme mat OpenAI, Anthropic an Google huet Lovable The AI Showdown organiséiert – e public Benchmarking-Event fir Top-Kodéierungs-KI-Modeller ze vergläichen. Fir 48 Stonnen konnt jiddereen gratis an ouni Limit all Lovable Tools a Modeller benotzen.
🚧 Meng Experimenter: Dräi Modeller, zwou Apps, ee Prompt
Fir d’Modeller ze testen, hunn ech zwou Uwendungen gebaut an déi selwecht Instruktiounen un all dräi AI-Modeller iwwermëttelt. Hei sinn déi Resultater:
🔊 1. Lux‑ASR‑Trial
Eng Sprooch‑zu‑Text App, déi et erlabt eng Sproochbotschaft op Smartphone oder Computer opzehuelen an per API un d’Lux‑ASR System vun der Universitéit Lëtzebuerg ze schécken.
Lux‑ASR erkennt automatesch Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch, Portugisesch a Spuenesch. D’Transkriptioun gëtt direkt um Écran ugewisen.
Screenshoten a Test-Links:



- https://google-speak-luxasr.lovable.app
- https://anthropic-speak-luxasr.lovable.app
- https://openai-speak-luxasr.lovable.app
🛑 2. Access‑Brake‑to‑API
En Proof of Concept, fir den abusiven Gebrauch vu gratis GenAI-Déngschter ze reduzéieren. D’App benotzt d’Applikatioun randomuser.me fir Foto, Numm, Alter an Adress vu fiktiven Profiler unbewiesen. E progressive Verzögerungsmechanismus mëcht weider Requëten an där selwechter Session méi lues fir eng Iwwerlaaschtung vu Servicer ze vermeiden.
Screenshoten a Test-Links:



- https://random-user-viewer-by-anthropic.lovable.app
- https://random-profile-explorer-by-openai.lovable.app
- https://instant-profile-seeker-by-google.lovable.app
🌐 Bonus‑Erausfuerderung: Mobile‑First WordPress‑Viewer
Fir nach eng Kéier méi wäit ze goen an d’Fäegkeete vu Lovable mat realem Inhalt ze weisen, hunn ech dëse Prompt agereecht — ursprénglech bei Anthropic, mee wéinst héijer Serverlaascht hun ech misse bei OpenAI wiesselen.
Prompt:
“Create a Mobile First app that fetches the JSON content of a WordPress article from the REST API at
admin.ki-leierbud.lu/?p=1008and displays it as a properly formatted HTML page with the following features:
- A fixed header (
#003366background) with the article title on the left and a language switcher (EN, FR, DE, PT, LB) on the right.- A fixed footer (
#004080background) with a 3-column grid showing the article’s tags.- A central content area (
#E6F2FFbackground) displaying the article body with:
- Blue, non-underlined links
- Proper bullets for lists
- Bold and italic text where applicable
- UTF-8 support
- All links should open in a new tab/window.
- On language change, load the corresponding article:
- EN >
?p=1008- FR >
?p=1012- DE >
?p=1017- PT >
?p=1014- LB >
?p=1020“
Zu menger Iwwerraschung huet d’App perfekt funktionéiert – ganz ouni Code‑Ännerungen. De generéierte Code gouf op mäi GitHub‑Kont eropgelueden
🔗 https://github.com/mbarnig/leierbud-article-viewer
an d’Live‑Versioun ass ëffentlech zougänglech ënner:
🔗 https://the-ai-showdown.lovable.app
Den nächsten Dag hunn ech e puer kleng HTML-Problemer mat Bullet-Lëschten an den <h1> bis <h6> Header-Tags bemierkt. Ech hu lovable.dev gefrot de Code ze kontrolléieren. Hei ass d’Äntwert:
Looking at your code, I can see the issue. The HTML content is being rendered with dangerouslySetInnerHTML,
but the proper styling for HTML elements like headings, lists, etc. is not being applied correctly.
The problem is in the ArticleContent component. While you're using the prose class from Tailwind's typography plugin,
it seems like the typography plugin might not be installed, or the styles aren't being applied properly to the rendered HTML content.
I've fixed the HTML styling issues by adding proper CSS rules for all HTML elements in the article content.
Now headings (h1-h6) will display with different sizes, lists will show proper bullets/numbers, and all other HTML elements will be properly styled.
Hei ass de Link zur iwweraarbechter Applikatioun:
🔗 https://the-ai-showdown-rev1.lovable.app
📊 Wat kënnt elo?
Ech analyséieren aktuell d’Leeschtung vun den dräi Modeller an dëse Projekter. Ech plangen, eng detailléiert Vergläichsanalyse op de soziale Medien ze publizéieren a meng Resultater un de Lovable Content Challenge anzeschécken.
Bleift drun fir méi spannend Updates!
RGB
images,
UTF-8
Text, Emojis
ASCII
Text
Handshaking
De Computer deelt sengem mënschleche Géigner duerch Blénken vun enger LED mat wat hien soll machen. Well de Computer keng Hänn huet muss de Mënsch him seng Millchesténg op déi gewënschten Positioune setzen oder réckelen.
Blénken op enger eideler Positioun wärend der Setzfaas heescht: Setz mäi Steen op déi Platz. Blénken tëschent zwou Positiounen wärend der Zuchfaas heescht: Réckel mäi Steen op déi nei Platz. Wann de Computer eng Millchen zoumécht wäisst hien duerch Blénken un watfireen Steen vum Géigner soll ewechgeholl ginn. Wann de Géigner säin eegenen Zuch oder dem Computer säin Zuch ausgefouert huet, confirméiert deen mat permanentem Liichten vun der LED dass hien d’Ännerung erkannt huet. Esou e Kommukatiounsprotokoll gëtt “Handshaking” genannt.
Ech hunn eng kleng Animatioun zesummegestallt wou ee gesäit wéi eng Millchepartie mam Computer ofleeft. De Computer spillt rout, de Mënsch schwaarz.
Wann beim Millchespill déi zwee Géigner gleich staark sinn a keen e Feeler mëcht da geet all Party mat enger Patt-Situatioun aus, egal wien d’Spill ugefaang huet.
Byte
Nom Bit interesséiere mer eis fir de Byte. Am nächste Bild kucke mer eis d’Millchebriet méi genee un.

Um ganze Spillfeld ass keng Plaaz duerch e Millchensteen beluecht an et ass nëmmen op der Plaaz Null wou eng eenzeg LED liicht. Dat heescht all d’Bits vun de Photodioden sinn 0 an all Bits vun de LEDs, ausser engem, sinn och 0.
D’Millchebried besteet aus dräi Quadrater mat je 8 Plaazen. 8 Bits formen e Byte. Mat dräi Bytes kënne mer also den Zoustand vun allen Photodioden speicheren. Dräi zousätzlech Bytes ginn benotzt fir de Zoustand vun de LEDs, a nach emol dräi fir ze wëssen ob eng LED soll blënken oder net. Am ganzen brauche mer also 9 Bytes fir d’Kommunikation mam Computer ze assuréieren.
Op der nächster Säit gesinn mer weil dës Kommunikatioun a Form vun engem Dialog fonktionnéiert.
Virun 50 Joer waren Bits a Bytes nach net esou geleefeg wéi haut a ech hunn meng elektronesch Millchen am Unterrecht agesat fir de Studenten déi Konzepter anschaulech ze vermëttelen.