Dezimalsystem (Basis 10)
Haut benotzt de Mënsch weltwäit den Dezimalsystem fir ze rechnen.
D’Wëssenschaftler huelen un dass den Dezimalsystem op den zéng Fangere vun de Mënsche baséiert. Den Dezimalsystem ass duerch d’Schreifweis, d’Kolonialzäit an d’Wëssenschaft standardiséiert ginn.
Mee en ass net deen eenzegen an och net automatesch dee natierlechsten.
Sexagesimalsystem (Basis 60)
D’Babylonier hunn e Rechesystem mat der Basis 60 benotzt. En hat de Virdeel dass 60 duerch vill Zuelen (2, 3, 4, 5, 6…) deelbar ass. Iwwreg bliwwe vun dem System si 60 Sekonnen an enger Minutt, 60 Minutten an enger Stonn, 360 Grad an engem Krees.
Vigesimalsystem (Basis 20)
D’Mayaen, d’Azteeken a verschidden afrikanesche Vëlker hunn mat Hänn a Féiss (Fangeren an Zéiwen) mat der Basis 20 gezielt a gerechent. Iwwerreschter fënnt een zum Beispill an der franséischer Sprooch : quatre-vingt = 4 × 20.
Duodezimalsystem (Basis 12)
D’Basis 12 gouf a verschidden europäesche Kulture benotzt well se och duerch vill Zuelen deelbar ass ( 2, 3, 4, 6). Erënnerungen un deen Zuelesystem sinn eng Dosen (12), 12 Zoll an engem Fouss an eng grouss Dosen (144 Eenheeten = 12 x 12).
Quinärsystem (Basis 5)
Verschidde Stämm am Amazonas oder Afrika hunn nëmmen mat enger Hand (5 Fanger) gezielt.
Binärsystem (Basis 2)
E Binärsystem gouf vu verschidde Stämm a spirituellem Kontext oder bei Spiller benotzt. Dat bekanntst Beispill ass den Ifá-Gottes-System vun de Yoruba am Nigeria. Den Ifá-System gouf 2005 vun der UNESCO op d’Lëscht vum immaterielle kulturelle Patrimoine vun der Mënschheet gesat.
Haut ass de Binärsystem virun allem bekannt als Basis vun der Informatik an elo och vun der KI. An de nächste Lektioune léiere mer méi iwwert d’Bits an d’Bytes déi Fundamenter vum Binärsystem duerstellen.
figure : Abacus